Eis Labelen

Bio Green Beef

„Net nëmme gutt…
mee och vun heiheem!“

De Label “Bio-Green-Beef” ass e Qualitéitsprogramm fir Rëndfleesch vum IVLB an Zesummenaarbecht mat de Supermarché CACTUS. Dëse Label gouf mat der Ënnerstëtzung vu CONVIS an der ASTA den 22. Februar 2018 ëmgesat a gëtt kontinuéierlech den aktuellen Ufuerderungen ugepasst.

Bio-Green-Beef Rëndfleesch gëtt op 20 Lëtzebuerger Bio-Betriber no engem strenge Laaschtenheft produzéiert. Heiranner si Krittären zur Hierkonft, Haltung, Fidderung an di gesamten Traçabilitéit festgeluecht.

Di jonk Ranner sinn tëschent 8 – 12 Méint al an hunn e Schluechtgewiicht vun 180 – 230 kg. Dëst garantéiert e jonkt Fleesch, wat ganz zaart ass a gesond, wëll des Déieren hunn virun allem Mëllech vun hirer Mamm a Gras gefriess.

Probéiert dës Produkt an engem vun de Cactus-Geschäfter aus.

biogreenbeef.lu

Bio Maufel

„Qualitéit kënnt vun eis!“

De 29. Juli 2010 hunn e puer Bio-Baueren den IVLB gegrënnt mat dem Zil hiert Fleesch ënnert dem Qualitéitslabel “Bio-Maufel” ze vermaarten.

De Label “Bio-Maufel” regruppéiert Produkter vun allen Déieren (Rand, Schwäin, Schof, Hénger). D’ Fleesch vun dësen Déieren gëtt no de strenge Bio-Krittäre produzéiert. Zousätzlech sinn am Laaschtenheft nach speziell Moossnamen fir d’ Haltung, Fidderung an d’ Nohaltegkeet vum Betrib festgeluecht.

Produkter vum Label “Bio-Maufel” ginn iwwert Metzlerei “Niessen”, am speziellen hire Buttek um Belair an d’ “Naturata”- Geschäfter vermaart.

Vill Memberen maachen awer och Vermaartung um Haff.

biomaufel.lu